Welleschter Kiermes an Bacchusfest
8th July 2026
TC Remich
Léif Memberen,
Och dëst Joer organiséiere mir als Tennisclub am Summer nees zwou wichteg Aktivitéiten, fir eis Clubkeess e bëssen opzebesseren:
Welleschter Kiermes: de 26. a 27. Juli zu Wellesteen – mat eisem Wäistand op der Haaptplaz.
Bacchusfest zu Réimech: de 15. August – mat eisem Iess- a Gedrénksstand.
Mir géifen eis immens freeën, wann dir eis bei enger oder béide Manifestatiounen eng Hand géift mat upaken.
Wann dir Zäit hutt an eis ënnerstëtze wëllt, da fëllt w.e.g. de Formulaire hei drënner aus.
https://edu.lu/w7vku
Villmools Merci fir är Hëllef an ären Asaz!
Äre Comité vum TC Remich
Traduction en Francais et anglais.pdf
Published on 08.07.2026
Published on 08.07.2026
